• Kolonie 2016

    vum 15. bis den 20. Mee 2016

    Och dëst Joer fiert d'Equipe vum Jugendtreff Hesper mat Jonken an d'Kolonie mat Destinatioun Palma de Mallorca.

    Fir weider Informatiounen kanns du dech am Jugendtreff mellen.

  • Häerzlech Wëllkomm.

    Mir sinn do fir Iech!

    Eis Équipe besteet aus engem feste Staff vun 5 Leit, diploméierten Éducateuren an Animateuren. Fir déi grouss Unzuel vun Atelieren a Projeten iwwert dat ganz Joer, steet eis nach en externe Staff mat qualifizéieren Animateuren zur Säit.

    Fir eis besser kennen ze léieren, fann dir eise ganze Staf ënnert dem Punkt "Kontakt" am Menu oder am beschten Dir kommt eng kéier bis laanscht.

  • Hesper Youth Guide 2015-2016

    Dee neien "Hesper Youth Guide" ënnert der Form vun engem Agenda fir jiddfer Jugendlechen aus der Gemeng tëscht 12 an 26 Joer. Doranner fënnt een sämtlech Informatiounen aus dem Beräich Gesondheet, Aarbecht, Formatioun, Alldag a Soziales a villes méi. Och d'Elteren fannen vill Nëtzleches an dësem Guide.

    Wou kritt een dee neien "Hesper Youth Guide" ?
    - an der Réceptioun op der Hesper Gemeng
    - am Jugendhaus "Jugendtreff Hesper"

    ELO ONLINE KUCKEN - www.youthguide.lu: KLICK HEI !